Skip to content Skip to main navigation Skip to footer

Aktioun „Gielt Band“: Hei dierft Dir plécken!

All Joer gëtt kiloweis zeidegt Uebst, dat an de Bongerten, de Gäert an op ëffentleche Plazen ënnert de Beem fault, verbëtzt. An dobäi wier et esou einfach: Et geet duer, déi Äppel, Bieren, Prommen asw. ze plécken an doraus Kompott oder Gebees ze kachen, de Jus auszepressen oder domat eng Taart ze baken.

D’Saach huet awer een Hoken: Plécken, ouni d’Erlabnes vum Proprietär ze hunn, ass verbueden. D’Léisung? D’Aktioun „Gielt Band“, déi de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung zesumme mam Syndikat vun de Lëtzebuerger Stied a Gemengen (Syvicol) an d’Liewe geruff huet. D’Gemengen, Privatleit, Associatiounen an Entreprise kënnen – mat engem giele Band – déi Uebstbeem zeechnen, déi hinne gehéieren an deenen hir Friichte vun der Ëffentlechkeet gepléckt däerfe ginn. De Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung bedeelegt sech mat deene Beem, déi ënnert senger Opsiicht stinn, och un der Aktioun. (Text: antigaspi.lu)

Markéiert Beem fannt Dir hei an eiser Gemeng:

  • Bierenallee zu Elweng (Bieren)
  • Bongert zu Elweng (Rue Nicolas Brucher) (Äppel, Kiischten)
  • Bongert ënnert der Schoul zu Riemeschen (Bréicherwee) (Äppel, Quetschen, Bieren)
  • Bongert beim Buer zu Schwéidsbeng (Äppel)

Wann Dir e Bam oder Strauch op Ärem Terrain stoen hutt, wou Leit vu baussen Zougrëff drop hunn an Dir wëllt Äert Uebst net einfach verfaule loossen, da stréckt einfach e gielt Bändchen ëm de Bam, dat Dir gratis op d’Gemeng ofhuele komme kënnt.

Maacht mat an hëlleft Uebst ze retten!

Back to top
Skip to content