Skip to content Skip to main navigation Skip to footer

Mir feieren den Hierscht am Musée „A Possen“

This event has ended

Den Hierscht weist sech am Musée „A Possen“ vu senger schéinster Säit!
Bei eisem intergenerationellen Atelier, de 7. Oktober vu 14 – 17 Auer, deele mir gären eis flott Hierscht-Impressioun mat Iech.
Nodeems jiddereen säin eegene Kranz aus Weiderutt zesummegestallt huet, ass vill Fantasie gefrot fir dësen ze dekoréieren. Verschidden Techniken a Materialie fir Blummen an aner Dekoratiounen ze kreéiere wäerten Iech zur Verfügung gestallt ginn. Dëse Workshop gëtt vun eiser Mediatrice encadréiert. E bësse bitzen, e puer Collagen, vill Kreativitéit… erméiglecht all Grupp mat hirem eegene Kranz an de schéine Faarwe vum Hierscht Heem ze goen! Ob mat der Famill, Frënn oder eleng, Kleng a Grouss (Kanner musse vun engem Erwuessene begleet ginn) verbréngt en agreabele Moment an heemlecher Atmosphär. De Musée offréiert senge Visiteuren och eng kléng Stäerkung a Form vu Kaffi, Gedrénks an eppes ze Knabberen!

Samschdes, de 7. Oktober.
Vu 14 Auer un. Ongeféier 3 Stonnen.
All Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn).
Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu.
Präis: 1 Persoun: 25 €; 2 Persounen: 30 €; 3 Persounen: 35 €; 4 Persounen: 40 €; 4+ Persounen: Präis op Ufro.
Ee Kranz pro Grupp. Falls Dir méi wéi ee Kranz wëllt maachen, kënnt Dir eis gäre kontaktéieren.

________________________________________________

L’automne fait son doux retour au Musée « A Possen » ! Le samedi 7 octobre, de 14h à 17h, les visiteurs se retrouveront autour d’un atelier intergénérationnel bercé de poésie automnale.
Après avoir créé sa propre couronne en osier, chaque groupe fera appel à son imagination pour la décorer. Plusieurs techniques et matériaux seront à la disposition des participants, pour créer fleurs et autres agréments en matériaux naturels, avec l’aide d’une médiatrice. Un peu de couture, quelques collages, beaucoup de créativité… permettront à chaque groupe de repartir avec sa propre couronne aux couleurs de l’automne ! En famille, entre amis ou en solo, petits et grands (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte) partageront un agréable moment en toute convivialité, complété par un petit goûter pour les gourmands !

Samedi 7 octobre.
A partir de 14h. Durée de l’atelier-goûter : 3 heures environ
Tout public. Les enfants doivent être accompagnés d’un adulte.
Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu.
Prix : 1 personne : 25 euros ; 2 personnes : 30 euros ; 3 personnes : 35 euros ; 4 personnes : 40 euros. Au-delà, nous contacter.
Une couronne par groupe. Si vous voulez créer plus d’une couronne par groupe, nous contacter.

Back to top
Skip to content